Büyüteç
Arama Yükleyici

Yazar: Ritchie Rischard

Destek
De Ritchie Rischard gouf de 26. Juli 1963 zu Diddeleng gebuer. Et war d”Zäit an där véier Jonge vu Liverpool Museksgeschicht geschriwwen hunn. Et heescht seng éischt Wieder wieren dann och net ?Mamma? oder ?Pappa? gewiescht, mä ?Yeah, Yeah, Yeah?. Op jiddwerfalls markéiert d”Musek vun Ufank un säi Liewe. De Startschoss fir d”Musek zu sengem Beruff ze maache fält den 1. Oktober 1987, wéi hie Vendeur am Stader ?Parc Music? gëtt. 1992 gëtt aus dem Vendeur de Musekredakter vum ?DNR? an de ?Bubble-Säiten? am ?Télécran?. 1997 erreecht en da säin Ziel wéi e Musekredakter bei ?RTL Radio Lëtzebuerg? gëtt. Bis an d”Joer 2000 mëscht hien dat Haaptberufflech, hie presentéiert deemools e.a. den ?CD vun der Woch? an ?d”RTL Rocksaga?. Duerno wiesselt hien an d”Publicitéit an schafft bis Dato bei der ?I.P.L?. Nieweberufflech ass hien nach ëmmer Musekredakter bei ?RTL?, hie schreift Texter fir ?Pop History? an de ?Sunday Brunch?, an presentéiert Sonndes Mëttes den ?Country-CD-Tipp?.




1 Ebooks tarafından Ritchie Rischard

Ritchie Rischard: Den Cäsar an d’ Huesendier vu Munneref
Den ?Cäsar? geet schon zanter 5 Joer op Munneref an d?Kur, allerdéngs an enger Parallel-Welt, also an der Welt vun den Huesen. Si hunn déi selwecht Geschicht wéi mir, an och déi selwecht Persoune …
EPUB
€5.99